Job-Börse

Administrativen Assistent (m/f)

  • ArbeitgeberMon Jardin
  • VertragstypVollzeit
Administrativen Assistent (m/f)

CDI – 100% - Dippach (LU)

Du bass organiséiert, dynamesch a sichs eng beräicherend Geleeënheet? Komm an eis Equipe vu 25 Mataarbechter a schaff an engem frëndlechen Ëmfeld, wou deng Villsäitegkeet däi gréissten Atout ass.

Déng Aufgaben

  • Sekretariat: Du këmmers dech ëm administrativ Aufgaben, déi fir de gudde Fonctionnement vun der Firma néideg sinn (Post- a Mailverwaltung, Gestioun vu Kontrakter, administrativ Prozeduren, Archivéieren, asw.).
  • Empfang a Receptioun : Du suergs fir e frëndlechen Empfang (telefonesch an op der Plaz) fir eis Clienten, Fournisseuren a Visiteuren.
  • Ënnerstëtzung: Du ënnerstëtz d'Direktioun am Alldag (kommerziell Ënnerstëtzung, Organisatioun vu Reesen a Versammlungen, Schreiwen vun Agendaen a Protokoller, Organisatioun vu Veranstaltungen, asw.).
  • Compta: Du kontrolléiers a verwalts d’Facturatioun, bass den Haaptkontakt fir Clienten a Fournisseuren a garantéiers eng gutt Zesummenaarbecht mat der Fiduziär.
  • Services généraux : Du këmmers dech ëm d’Gestioun vum Parc automobile, IT-Material, Gebai a Bureaumaterial.
  • Personal: Du bass zoustänneg fir verschidden Aufgaben am Personalberäich (Personaldossiere, Congéen, Absencen, Notes de frais, asw.).

Däi Profil

  • Diplom: Du hues en Diplom am Beräich Administratioun, Direktiounssekretariat oder Comptabilitéit.
  • Beruffserfarung: Du hues minimum 5 Joer Erfarung an enger änlecher Funktioun. Eng Erfarung am Beräich RH an/oder Services Généraux ass e Virdeel.
  • Informatesch Kenntnisser: Du beherrschs MS OFFICE (Outlook, Excel, Word). Kenntnisser vun ODOO si vu Virdeel.
  • Sproochen: Du schwätz fléissend Lëtzebuergesch, Franséisch, Däitsch an Englesch.
  • Kommunikatioun: Du hues exzellent sozial Kompetenzen an e gudden Teamgeescht.
  • Organisatioun: Du schaffs strukturéiert, autonom a bass léisungsorientéiert.

Mir bidden

  • Familiärt a respektvollt Aarbechtsëmfeld: Mir sinn eng Equipe vu 25 Leit a leeë vill Wäert op eng frëndlech Atmosphär.
  • Ofwiesslung a Verantwortung: Mir bidden dir e verantwortungsvolle Poste mat villfältegen Aufgaben.
  • Entwécklungsméiglechkeeten: Mir bidden dir d’Méiglechkeet, dech weiderzebilden an ze entwéckelen.
Mon Jardin
Mon Jardin
Im Inberg, 4 L-4974 Dippach Luxemburg

Mon Jardin, mit Sitz in Dippach (LU), ist ein Familienunternehmen in der 3. Generation spezialisiert in der Gestaltung und Pflege von Gärten und Außenanlagen. Ihr Außenbereich, unsere Leidenschaft!

Teilen aufWhatsAppLinkedIn